Am nationale Basket gëtt et eescht. Haut a muer sinn déi éischt ¼ Finalen vum Titel Play Off.Den Owend um hallwer 9 huet den T71 Diddeleng Heemrecht géint d’Musel Pikes. Dat selwecht gëllt muer den Owend fir de Basket Esch géint d’Sparta. Do däerf ee sech héchsten 1 Feeltrëtt erlaben, well gespillt gëtt nom Modus "Best of Three".Méi dozou gëtt et elo am Rebound vum Jang Mathes a Guy Seyler.