Am Basket war de leschte Weekend de 5. Spilldag. Iwwerdeems et bei den Hären déi logesch Erfolleger gouf, koum d‘Iwwerraschung aus dem Damme-Championnat. D’Amicale Steesel, Doublé-Gewënner vun de leschten 2 Joer, huet sech doheem misste géint Diddeleng geschloe ginn. Dat bedeit, datt et och bei de Meedercher e ganz spannend Championnat kënnt ginn, mengt de Guy Seyler am Rebound vun haut.