Am Basket sinn et dëse Weekend d’Halleffinallen vun der Coupe de Luxembourg. Am Gymnase vun der Coque spille muer Samschdeg um ¼ vir 6 déi Steeseler Dammen géint Les Sangliers Woltz. Duerno um ¼ op 8 kréien déi Steeseler Hären et mat de Musel Pikes ze dinn. E Sonndeg um 3 Auer spillen déi Ettelbrécker Meedercher géint Konter. An um hallwer 6 heescht déi 2. Hallef-finale bei de Hären Etzella Ettelbréck géint d’Résidence Walfer. Alles wat dir nach vun dësen Halleffinalle musst wëssen, soen iech elo de Rich Simon an de Guy Seyler am Rebound.