Am Basket ass de viregte Weekend déi leschten Decisioun gefall. De Championstitel bei den Dammen geet genee wéi virun 12 Méint no zwou Finalen un d'Amicale. D’Freed iwwer sämtlech Titele war natierlech grouss bei de Steeseler Supporter. Mee déi lescht Nouvellen hunn déi ganz Euphorie dach e bësse gebremst, mengen de Jeff Kettenmeyer an de Guy Seyler.