Am Basket gouf an de leschte 14 Deeg vill iwwer de Championstitel vun der Amicale Steesel geschwat. Am Rebound vun haut kuckt de Guy Seyler elo mol ënnen an d’Tabell. Zu Zolwer an zu Hiefenech ass d’Enttäuschung grouss. Si spillen déi nächst Saison net méi uewe mat. Fir béid Equipen gëllt et elo, nei opzebauen. An da gëtt et mam 3 géint 3 e ganz flotte Rendez-Vous, wou de Spaass dominéiert.