Wann eis Lëtzebuerger Football-Clibb europäesch spillen, dann ass hinnen vu vir eran eng UEFA-Prime vun 120.000 Euro sécher.Am Basket ass dat anescht. Do muss de lëtzebuerger Champion fir d’éischt emol en Untrëttsgeld bezuelen, fir däerfen europäesch ze spillen. An da gëtt direkt a Gruppen zu 4 gespillt. Wat engersäits mat 3 Déplacementer op d’Keess schléit, anerersäits fir de Spiller 3 mol Congé bedeit.Et ass also en defizitärt Geschäft, an duerfir ginn zanter méi wéi 10 Joer keng national Basketclibb méi esou eng Aventure un.Vläicht ännert dat sech awer an Zukunft...