Am nationale Basket steet Esch zanter e Mëttwoch an der Halleffinale vum Championnat an trefft do elo op de Champion Amicale Steesel. Tëscht dem T71 Diddeleng an de Musel Pikes gëtt et dogéint een drëtten an decisive Match. Am Rebound vun haut kucken de Rich Simon an de Jeff Kettenmeyer ënnert anerem op des Partie no vir.