Am nationale Basket stinn haut a muer d’Retour – Matcher vun de Finallen bei den Hären a bei den Dammen um Programm, a béid Matcher ginn zu Briedemes gespillt. Am REBOUND vun haut beschäftegen de Jeff Kettenmeyer an de Jhang Mathes sech mat dësen 2 Partien, wou schonn eng Decisioun ëm den Titel ka falen. Donieft kucken si och nach kuerz op d’Carrière vum Nelson Delgado vun der Etzella zréck, deen seng Basketschlappen un den Nol hänkt.