Am Basket kenne mir e Sonndeg vläicht schonn den neie Champion. D’Amicale Steesel reest mat engem 2- 0 Avantage op Ettelbréck a kann do – wéi et ëmmer esou schéin heescht - de Sak zou maachen. Bei den Dammen gesäit et esou aus, wéi wa Steesel an d’Musel Pikes d’Titel-Finale géife spillen. Dat muss sech haut den Owend awer nach confirméieren. Do stinn déi zweet Halleffinalen um Programm: Um 8 Auer spillt Konter géint Steesel . An um hallwer 9 kréien d’Pikes Meedercher Besuch vum T71 Diddeleng. All dat ass en Thema am Rebound vum Guy Seyler: