Am Basketchampionnat stinn dëse Weekend d’Hallef-finalen vun der Coupe de Luxembourg um Programm. Am Gymnase vun der Coque spille bei den Hären e Samschdeg den Owend de Basket Esch géint d’Musel Pikes. An e Sonndeg huet de Stader Racing e Bonus vun 10 Punkten géint d’Amicale Steesel. Bei den Dammen heescht déi 1. Hallef-Finale muer Esch géint Hesper.An e Sonndeg spillen d’Meedercher vu Konter géint Steesel. Alles wat dir ronderëm dëst Event musst wëssen, soen de Jeff Kettenmeyer an de Guy Seyler Iech elo am Rebound.