Am nationale Basket ass de Weekend mat de Coupe Halleffinallen den éischte richtegen Héichpunkt vun der Saison. Ganz interessant ass, datt et souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen an all Match op d'mannst um Pabeier ee Favorit gëtt. Am Rebound vun haut kuckt de Jeff Kettenmeyer op déi 4 Matcher no vir.