Am Basket gëtt et dëse Sonndeg mam SUPER CUP schon en éischte grousse Rendez-Vous. Um 6 Auer spillen zu Kayl de Champion Amicale Steesel géint de Finalist Musel Pikes. 2 Stonne virdrun, um 4 Auer, treffe bei den Dammen déiselwecht Equipe vu Steesel an de Musel Pikes openeneen. An dëse Matcher ginn dann och fir d’éischte Kéier déi nei Regelen applizéiert. De Jang Mathes an de Guy Seyler probéieren elo, iech op dës Changementer virzebereeden.